Simuléiert Äre Kredit

Crefilux : Kredit-Broker

Crefilux ass eng Societéit, déi spezialiséiert ass am Verbraucher-Prêt. Eis Expertis, wat de Prêt à tempérament an de Regruppementer vu Prêten ugeet, mëscht sech duerch de ganze Grand-Duché vu Lëtzebuerg. 

Crefilux ass also den onbestriddenen Leader am Domaine vun de Prête mat enger Léisung, déi op Är Besoin’en adaptéiert ass. 

Total finanziell Onofhängegkeet 

Am Contraire zu enger Bank ass Crefilux eng Societéit, déi zu 100% spezialiséier ass op Verbraucher-Prêten. D‘Zefriddenheet vun eisem Client ass eis Prioritéit an de Prêt ass eise Beruff. 

Ären Dram ka Realitéit ginn. 

Crefilux ass einfach erreechbar mat engem Uruff. 

E schnellen an einfache Kontakt unhand vun 3 Telefonsnummeren: +352 26 30 53 22 (Staat Lëtzebuerg), +352 26 53 23 05 (Esch/Uelzecht) oder +352 26 81 33 12 (Ettelbréck) oder kommt einfach laanscht an eng vun eisen Agencen, déi am Grand-Duché vu Lëtzebuerg situéiert sinn. 

Eng Ekipp vu professionelle Leit äntwert Iech entweder um Telefon oder perséinlech an den Agencë fir Iech ze hëllefen, Är Projeten ze realiséieren. 

Mat enger Erfarung vun iwwer 30 Joer am Beräich vun de Prêten 

Crefilux pocht op seng grouss Erfarung a säi grousse Savoir-faire als onbestriddenen Leader vum Prêt à tempérament an als exklusiv Kredit-Societéit fir e Prêt à tempérament an de Regrupement vu Prêten zënter 1980. 

Iwwer 75 Milliounen Euro sinn insgesamt all Joer als Prêt à tempérament bewëllegt.