Simuléiert Äre Kredit
Prêt a Raten
De Prêt a Raten fir Är Dreem an Iddien duerch ze zéien
De Prêt a Raten ass deen, op deen am meeschten zeréck gegraff gëtt, wann ee vum Prêt personnel schwätzt. E bestëmmte Betrag gëtt engem zur Verfügung gestallt, deen deen da muss zeréck bezuelen (grad esou wéi och d’Zënsen) an dëst laut engem am Virfeld fixéierte Kalenner. De Prêt a Raten gëtt oft benotzt fir sech mat Imprevuen erëm ze klappen, e Familljenevenement ze finanzéieren, en Auto oder privat Material ze kafen oder awer och fir eng Immobilie ouni mandat hypothécaire.
Mat engem Prêt a Raten gëtt ab elo alles méiglech:
- Erméigleche vun alle méiglechen Aarbechten
- Installatioun vun enger Schwämm
- Eng Schivakanz, eng Vakanz an der Sonn oder eng Croisière
- En Akaf vun engem Computer, dem neiste Smartphone oder vun engem Fernseh
- En Akaf vun engem zweeten Auto oder vun engem Moto
- D’Ersetze vun enger Spullmaschinn, engem Frigo oder eng Wäschmaschinn
- Erneieren vun Ärer Dekoratioun bannen am Haus
- Komplett an total Zefriddenheet vun Ären Iddien
Crefilux ass op Ärer Säit fir Iech et méiglech ze maachen, Är Kafkraaft ze erhéijen.
D’Virdeeler vu Crefilux als Partner vun Ärem Prêt a Raten
- E séieren an einfache Kontakt iwwer zwou Nummeren: +352 26 30 53 22 (Wandhaff) oder +352 26 53 23 05 (Esch/Uelzecht)
- Agencë mat Professioneller fir Iech ze beroden
- D’Méiglechkeet fir eng Ufro fir e Prêt a Raten online ze maachen.
- Eng séier Äntwert op Är Ufro fir e Prêt
- Et ass méiglech e Rendez-Vous bei Iech doheem ze maachen andeems Dir eng einfach Ufro fir eng Ënnerschrëft vum Kontrakt maacht
- Spezialist am Beräich vu Kreditter a vu Prêten a Raten an der Belsch zanter 1980
D’Virdeeler, déi un e Prêt a Raten mat Crefilux gebonne sinn
Dir sicht eng Quell fir e praktesche Finanzement fir Äre perséinleche Projet? De Prêt a Raten bitt direkt e puer wichteg Virdeeler. Un éischter Stell sidd Dir et, déi de gewënschte Betrag festleeën, grad esou wéi d’Lafzäit vum Zréckbezuelen. Dës läscht variéiert a Fonctioun vum Zweck vun Ärem Prêt personnel a kann tëschent 24 a 84 Méint goen. Wat den Zweck vun Ärem Projet ubelaangt, muss dëse bei Crefilux net matgedeelt a bewise ginn. D’Beaarbechte vum Dossier ass schnell an d’Formalitéiten si reduzéiert, fir dass souwuel d’Entscheedung méi séier ka getraff gi wéi och d’Iwwerweise vun de Suen op Äre perséinleche Compte courant méi séier ka gemaach ginn. Schlussendlech ass de Betrag, deen dir zeréckbezuele musst eenzegaarteg. All Mount iwwerweist Dir ee selwechte Betrag fir Äert Zréckbezuelen ze amortiséieren.
- De Client wielt de genaue Betrag aus fir ze léinen, grad esou wéi och d’Lafzäit vum Prêt.
- Et muss ee kee Beweis virleeën iwwert d’Aart a Wéis, wéi een d’Sue benotzt huet.
- En Dossier, dee séier behandelt ginn ass a just e puer Formalitéiten
- Eng direkt Iwwerweisung op de Compte courant vum Client
- Keng Iwwerraschung : een eenzege Betrag gëtt all Mount iwwerwisen
- E Prêt, deen u jiddereen ugepasst ass: de Client wielt d’Dauer vum Prêt an aller Fräiheet aus
- Eng einfach, schnell an efficace Léisung, fir Geld fir e Projet ze kréien
Déi verschidden Zorte vu Prêten a Raten
Et existéieren e puer Zorten u Prêten a Raten, déi op déi verschidde Besoinen ugepasst sinn. Fir Iech ze hëllefen, dee richtege Choix ze treffen, stelle mir Iech hei déi verschidden Zorten u Prêten a Raten zu Lëtzebuerg fir.
De Prêt a Raten ass un déi verschidden Zorten u Besoinen ugepasst :
- De Regruppement vu Prêten
- De klassesche Prêt personnel
- De Finanzement vun engem Auto
- All Typ vu Finanzement
De Finanzement vun engem Auto ass e Prêt a Raten, deen heefeg benotzt gëtt
Wann Dir wëllt e Prêt a Ratenb fir de Finanzement vun engem Auto ënnerschreiwen, da fänkt domat un, e genauen Akafsprojet ze definéieren. Besicht verschidde Concessionnairë vun Autoen a Garagë fir eng Iddi vun de Präisser a vun de Modeller ze kréien, deen Dir Iech wënscht. Wann Dir besonnesch un engem Modell festhaalt oder op eng gutt Offer faalt, da frot de Garagist fir Iech eng Optioun op en Akaf vum Auto ze maache wärend der Zäit, déi Dir braucht, fir all Är Demarchen ze maache fir de Prêt unzefroen.
Gitt dann op Vergläichsportaler an Online-Simulatioune fir e Prêt. Passt op dass Dir eng Simulatioun wielt, déi un Är Situatioun ugepasst ass (Occasiounsautoen oder nei Autoen), fir dass Dir Är Berechnungen op richtegen Donnéeë kënnt baséieren. Soubal Dir e Prêt fonnt hutt, deen Äre Konditiounen entspriecht, kontaktéiert Crefilux a schéck eis Är Ufro fir e Prêt. Mir kucke mat Iech zesummen déi praktesch Detailer vum Prêt duerch.
Soubal Dir de Kontrakt fir e Prêt a Raten ënnerschriwwen hutt an den ausgemaachte Betrag fir Iech zu Verfügung gestallt ginn ass, kënnt Dir also Ären Auto kafen. Dir braucht dann also näischt aneres méi ze maache wéi all Mount Äre Prêt a Raten zeréck ze bezuelen, bis dass dësen ofbezuelt ass. Fir Är Kapazitéit fir d’Zréckbezuelen ze versécheren a fir Iech ze erlaben, Ären aktuelle Liewensrhythmus ze halen, passt w.e.g. op, dass Dir kee Prêt a Raten ënnerschreift, deen en Drëttel vun Ärem Akommes iwwerschrëtt.
Wéi kritt een e Prêt a Raten?
Et existéieren e puer Konditiounen, fir kënnen e Prêt a Raten zu Lëtzebuerg ze ënnerschreiwen. Dir musst:
- Volljäreg sinn
- An der Belsch oder zu Lëtzebuerg wunnen
- Eng stabil Aarbecht an e séchert Akommes hunn
- De Betrag vun Ärem Remboursement all Mount dierf net een Drëttel vun Ärem Akommes iwwerschreiden
Wann Dir all dës Konditiounen erfëllt, dann hutt Dir Usproch op e Prêt a Raten. Déi nächst Etapp ass eng Bank oder eng Kreditorganisatioun opzesichen. Dir kënnt e Vergläichsportal benotze fir déi beschten Offer ze kréien. Benotzt och eng Online-Simulatioun fir Prête fir d’Konditioune vun Ärer Kreditorganisatioun ze kennen. Duerno kënnt Dir, unhand vun de Resultater vun der Simulatioun, Är Ufro fir e Prêt direkt iwwert en Online-Formulaire eraschécken. Dir gitt da vum Finanzorganisatioun erëm kontaktéiert fir all déi praktesch Formalitéite vun Ärem Prêt personnel an d’Réi ze maachen.
Kuckt Iech eis Formulle fir e Prêt a Raten ze maachen u fir déi ze wielen, déi am beschten op Är Besoinen ugepasst ass oder rufft eis schnell an einfach iwwert eng vun eisen dräi Nummeren un, fir méi Informatiounen ze kréien oder fir Är personaliséiert Offer esou schnell wéi méiglech ze kréien: +352 26 30 53 22 (Stad Lëtzebuerg), +352 26 53 23 05 (Esch/Uelzecht) oder +352 26 81 33 12 (Ettelbréck).
Dir kënnt awer och an eng vun eisen Agencë goen oder direkt eng Ufro fir e Prêt a Raten online maachen.