Simuléiert Äre Kredit
Privatkredit
Einfachen & schnelle privatkredit
Frot Äre Privatkredit an e puer Klicks un: fir dréngend a direkt Besoin‘en.
Dir sidd op der Sich no engem Privatkredit zu Lëtzebuerg? Fir onerwaart Käschten ze decken oder e perséinlecht Projet ze realiséieren, kann een heiansdo net evitéieren, e Prêt opzehuelen. De Schlëssel zum Erfolleg an esou enger Situatioun läit am Vertrauen an déi gewielte finanziell Institutioun. Crefilux ass zënter 30 Joer op individuell Kreditter spezialiséiert a bitt Kredittléisungen fir all Situatioun.
Eis Beroder sinn all telefonesch oder op Rendez-Vous an enger vun eisen Agencen zu Lëtzebuerg erreechbar fir Iech ze beroden an Iech ze hëllefen, de beschte Privatkredit fir Iech ze fannen.
Et ass och méiglech, eng Kredittufro zu Lëtzebuerg direkt iwwer d’Websäit opzemaachen – an dat nëmmen an e puer Klicks. Fir e séieren an effiziente Service unzebidden, setzen d’Beroder vu Crefilux alles drun, Är Situatioun esou séier ewéi méiglech z’analyséieren an d’Méiglechkeet vun engem Privatkredit ze iwwerpréiwen. Ofhängeg vum Zäitdrock an Ären Ufuerderunge kann och e Rendez-Vous bei Iech doheem organiséiert ginn.
Kuckt Iech och eis aner Artikelen iwwer de Privatkredit un:
- Realiséiert Äre Projet ouni ze waarden: Loosst Iech vu Crefilux berode fir Äre Privatkredit.
- Wielt e vertrauenswürdege Partner a profitéiert vun engem Service, deen no bei Iech ass, fir Äre Privatkredit.
- Wielt en erfuerene Fournisseur zu Lëtzebuerg fir Äre Privatkredit.
Wat ass e Privatkredit?
De Privatkredit, och „Konsumkredit“ oder nach „Prêt à tempérament“ genannt, erlaabt et Iech, all Är perséinlech Projeten ze finanzéieren: Reesen, Dekoratioun, Auto, Bestietnis, Renovatioun… Wann Dir eng direkt Kredittufro maacht, verlaangt Crefilux keng Preuve / kee Beweis. Dir sidd also fräi, dëse Prêt zu Lëtzebuerg opzehuelen, egal ob et fir en individuellen Akaf ass oder well dir ganz einfach Liquiditéite braucht.
D’Virdeeler vum klassesche Privatkredit
Nieft der Tatsaach, datt e séiere Kredit zu Lëtzebuerg mat Hëllef vun eisen Experte vereinfacht gëtt, huet de klassesche Privatkredit nach vill aner Virdeeler.
Dir wielt de Montant, deen Dir wëllt léinen, d’Dauer vum Prêt an d’Mensualitéit: esou komme keng schlecht Iwwerraschungen! D’Sue ginn direkt an enger eenzeger Kéier op Äre Kont iwwerwisen – esou spuert Dir vill Zäit!
Am Géigesaz zu anere Prêtformen brauch de Privatkredit kee Beleeg. Well en zudeem relativ séier ze kréien ass, versteet een, firwat et eng attraktiv Léisung ass.
Heefeg Beispiller vu Situatioune, wou et néideg ass, op eng Bank fir e Privatkredit zeréckzegräifen, si besonnesch: d’Organisatioun vun enger Hochzäit, eng Renovatioun, eng Ännerung vun der Dekoratioun am Haus oder och den Akaf vun engem neie Gefier. Schlussendlech ass et egal, fir wéien Zweck – ob fir eng Passioun ze finanzéieren oder aus Noutwendegkeet –, de konsumentenkredit (och an der Belsch méiglech) ass déi passend Léisung, fir dréngend Finanzéierungsbedierfnesser, wéi zum Beispill dréngend Prêts personnel‘en, z’erfëllen.
All Joer gi 75 Milliounen Euro a Form vu Prêts personels zu Lëtzebuerg accordéiert. Eis dräi Kreditinstituter am Groussherzogtum Lëtzebuerg bestinn aus Experten, déi bereet sinn, Ärer Ufro no ze lauschteren an Iech déi passendst Léisung fir e personalkredit unzebidden. Dir kënnt si entweder per Telefon oder direkt an der Agence kontaktéieren. Eis Beroder kënnen an e puer Fäll och bei Iech heem kommen.
Dir wäert keng schlecht Iwwerraschunge mat Crefilux hunn, well keng Frais de dossier wäerte verrechent ginn. Soubal Är Ufro fir e Privatkredit agereecht ass, kritt Dir bannent 24 Stonnen eng éischt Äntwert hisiichtlech der Zouloossung vum Prêt. D’Geld gëtt duerno bannent 48 Stonnen op Äre Compte courant iwwerwisen.
Schlussendlech ass et fir d’Zouloossung vun engem Privatkredit zu Lëtzebuerg net néideg, d’Bank ze wiesselen, well d’Geld direkt op Äre bestoende Compte courant iwwerwise gëtt.
Wéi vill kann ech mat engem Privatkredit léinen?
E Privatkredit erméiglecht et dem Demandeur zu Lëtzebuerg eng Zomm vu bis zu 100.000 € ze léinen. Et handelt sech also em en attraktive Prêt, am Fall wou Dir séier e perséinlecht Projet ëmsetze wëllt, deem seng Käschten awer ze héich sinn, fir se selwer ze decken.
- Fir méi Detailer dozou, liest eisen Artikel iwwer de maximale Montant vun engem Privatkredit.
Wéi vill kascht e Personalkredit ?
Wéi all aner Prêt zu Lëtzebuerg, huet och e Privatkredit e bestëmmte Käschtepunkt: den Zënssaz. Dir musst Iech awer keng Suergen iwwer onangeneem Iwwerraschunge maachen, well dëse Montant bei der Ënnerschrëft vum Prêt fixéiert gëtt: Den Zënssaz bleift iwwer déi ganz Lafzäit vum Prêt onverännert.
D’Dauer vum Prêt huet en direkten Afloss op seng Käschten: Wat d’Lafzäit méi laang ass, wat Dir méi Zënse bezuelt.
Mat der Online-Simulatioun vum Privatkredit kënnt Dir séier erausfannen, wéi vill Äre Prêt kascht. Dir musst just de gewënschte Montant aginn, an da gesitt Dir op ee Bléck den aktuellen Zënssaz, d’Mensualitéit an d’Gesamtkäschte vun Ärem Prêt. Dësen Outil erlaabt et Iech, en Iwwerbléck iwwert Är finanziell Situatioun an de nächste Méint ze hunn. Esou kënnt Dir verschidden Zenarien duerchspillen an Äre Budget optimal upassen.
Kuckt och:
- Mat Crefilux e Privatkredit zum beschten Taux kréien
- E Privatkredit mam niddregsten Taux: Fir wéi eng Zorte Projeten?
Wéi laang ass d’Lafzäit vun engem Privatkredit zu Lëtzebuerg?
Genee esou wéi Dir de Montant vum Prêt wielt, hutt Dir och d’Wiel d‘Dauer vun Ärem Privatkredit unzepassen.
Ausserdeem ass et wichteg ze wëssen, datt Dir Äre Prêt zu all Moment virzäiteg entweder ganz oder deelweis zréckbezuele kënnt. Bei engem deelweis‘en Remboursement gëtt entweder Är Mensualitéit an/oder d’Lafzäit vum Prêt reduzéiert. Dir bleift also flexibel a kënnt de Remboursement jee no Äre Besoinen upassen.
Muss ech eng Versécherung fir e Privatkredit ofschléissen?
Crefilux verlaangt net, datt Dir eng Versécherung fir Äre Privatkredit ofschléisst. Eis Beroder stinn Iech awer zur Säit, fir Iech bei Ärer Kreditwiel zu Lëtzebuerg ze hëllefen an Är Famill ze schützen.
Tatsächlech muss Är Famill Äre Prêt am Fall vun Ärem Doud zréckbezuelen. Eng Prêt-Versécherung hëlleft net nëmmen, Är Famill ze schützen, mee och Iech selwer a schwéiere Situatiounen. Wann d’Zomm vun Ärem Prêt an engem schwéiere Moment (z. B. Aarbechtsverloscht, Invaliditéit oder all aner Evenement, dat Iech um Remboursement hënnert) ze héich gëtt, kann eng Prêt-Versécherung eng wäertvoll Ofsécherung sinn.
Wat sinn déi wichtegst Zorte vu Versécherunge fir e Privatkredit?
Allgemeng decken d’Versécherunge fir e Prêt zu Lëtzebuerg folgend Themen:
- Doud: Dëst ass d’Reschtscholdversécherung (solde restant dû), déi verhënnert, datt Är Famill de Reschtbetrag vun Ärem Prêt muss zréckbezuelen, wann Dir stierft.
- Onfäegkeet ze schaffen: An dësem Fall iwwerhëlt d’Versécherung de Remboursement vun Ärem Prêt, soulaang wéi Dir net kënnt schaffen.
- Aarbechtsverloscht: Wann Dir Är Aarbescht verléiert, iwwerhëlt d’Versécherung d’Bezuele vun Äre Mensualitéiten, bis Dir eng nei Aarbecht fannt.
Fir wien ass e Privatkredit geduecht?
De Privatkredit zu Lëtzebuerg (online oder an der Agence) ass fir all Privatpersoune vu mindestens 18 Joer geduecht, déi zu Lëtzebuerg wunnen an e reegelméissegt Akommes hunn. Dëst gëllt fir Fonctionnairen, Studenten asw. Mir hunn awer och speziell Offere fir séier berufflech Prêt‘en.
Dir braucht eng bestëmmten Zomm zu engem bestëmmten Zäitpunkt? De Privatkredit zu Lëtzebuerg erméiglecht Iech en Akaf vun engem Objet oder d’Bezuele vun enger Rechnung – alles ass méiglech!
De klassesche Privatkredit ass déi ideal Léisung fir eenzegaarteg Geleeënheeten oder Ausnamesituatiounen.
Mat 30 Joer Erfarung ënnerstëtzt Crefilux Iech bei Ären Demarchen. Wann Dir also séier e Kredit zu Lëtzebuerg braucht, schéngt de Privatkredit bei Crefilux déi perfekte Léisung fir Iech ze sinn. Bannent 24 Stonnen nom Areechen vun Ärer Ufro kritt Dir eng éischt Äntwert. D’Geld gëtt duerno bannent 48 Stonnen op Äre Kont iwwerwisen.
No wéi enge Krittäre gëtt e Prêt bei Crefilux zougelooss oder eben och net?
Hutt Dir de Moment schonn een oder méi Prêten (Autosprêt, Renovatiounsprêt, Energieprêt oder Konsumkredit) lafen? Bei Crefilux ass dat kee Problem! Mir evaluéieren Ären Dossier net op Basis vun Ärer perséinlecher Situatioun, mee duerch eng detailléiert Iwwerpréiwung vun Äre finanziellen Donnéeën (Akommes, Remboursementsfäegkeet).
Zéckt also net, eis Beroder ze kontaktéieren, wann Dir eng Kredittufro zu Lëtzebuerg hutt – mat der richteger Begleedung optiméiert Dir Är finanziell Situatioun séier an effizient!
Verschidden Zorte vu Prêts personnels : Wéi ee wielen?
Fir Är Besoinen optimal z‘erfëlle bitt Crefilux verschidden Zorte vu Privatkredit un. All Typ entsprécht engem spezifesche Besoin an engem bestëmmte Profil vum Demandeur.
Mir bidden zum Beispill de klassesche Privatkredit un, den Autosprêt, de Prêt fir “aner Finanzementer” oder och nach d’Zesummeleeë vu Kreditter un.
- De klassesche Prêt personnel ass meeschtens fir ee präzise perséinleche Projet geduecht: Renovatioun, Reesen, Mobil-Home-Prêt, verschidden Akeef, Dekoratiounschangementer… Kuerz gesot, fir Äre Wënsch komplett entgéint ze kommen.
- Den Autosprêt ass, wéi den Numm et scho seet, fir den Akaf vun engem Gefier geduecht. Zéckt Dir tëscht engem neien oder engem Occasiounsauto? De Kredittyp hänkt vun dëser Wiel of. Den Zënssaz fir en neien Auto ass nämlech generell méi avantagéis. Mat Crefilux kënnt Dir bis zu 100.000 € léinen – egal, wéi eng Mark Dir wielt.
- De Prêt Mariage: Dreemt Dir vun enger grousser Hochzäit oder enger Hochzäitsrees op eng paradisesch Insel? Crefilux bitt Iech och e spezifesche Prêt Mariage un: eng fest Mensualitéit mat engem attraktiven Zënssaz.
- D’Zesummeleeë vu Kreditter: Et ginn immens vill Grënn, fir Geld ze léinen. Mat dëser Formule hutt Dir méi Transparenz a musst nëmmen eng eenzeg Mensualitéit bezuelen. Dëst hëlleft, Äre Budget ze entlaaschten an Är Fixkäschten auszegläichen. Fir méi Informatiounen, kënnt Dir eisen Online-Tool fir d’Zesummeleeë vu Kreditter benotzen.
Op dës Manéier kritt Dir eng kloer a séier Iddi iwwer Äre Projet.
Aus wat besteet eng Simulatioun vum Privatkredit?
D’Simulatioun vun engem Privatkredit besteet doran, Är Fäegkeet ze bewäerten, de geléinte Montant zréckzebezuelen. Dës Simulatioun gëtt virun Ärer Kredittufro entweder mat engem Online-Tool oder manuell gemaach. Op der Crefilux-Websäit hutt Dir d’Méiglechkeet, eng Simulatioun duerchzeféieren, fir d’Mensualitéit, den Zënssaz an d’Totalzomm vum Remboursement ze bestëmmen. Dir musst also just de gewënschte Montant an d’Dauer uginn. Och wann dëst einfach ausgesäit, ass et en exzellente Startpunkt, fir d’Machbarkeet vun Ärem Projet ze bewäerten – a Relatioun mat Ärem Akommes an Äre Fixkäschten.
Firwat eng Online-Simulatioun fir e Privatkredit maachen?
Eng Simulatioun fir e Prêt zu Lëtzebuerg mat eisem Online-Tool ze maachen huet vill Virdeeler.
A just e puer Minutte kënnt Dir all d’Detailer vun Ärem Projet en vue vum Privatkredit erausfannen. Mat der Online-Simulatioun kënnt Dir ganz einfach déi verschidden Offeren um Marché vergläichen an esou déi wielen, déi Iech am virdeelhaftsten an am zouverlässegsten erschéngen. Wann Dir keng Zäit oder Gedold hutt, fir e Rendez-Vous an enger Agence ze huelen, kënnen all d’Demarchen och online gemaach ginn.
Eis Online-Simulatioun fir e Privatkredit zu Lëtzebuerg erlaabt Iech et och, Är Remboursementskapazitéit besser ze verstoe. Natierlech verhënnert dëse Prozess awer net, dass Dir e Beroder vu Crefilux kontaktéiere kënnt, fir weider Informatiounen ze kréien.
Schlussendlech erlaabt eng Online-Simulatioun Iech, séier erauszefannen, wéi héich Är Mensualitéit, jee no geléinte Betrag, wäert sinn, souwéi d‘Gesamtkäschte vun Ärem Prêt. Et ass en absolut zouverlässegt Tool.
Eng Simulatioun obligéiert Iech zu näischt a si ass natierlech gratis.
Zesummeféierung vu Prêts personnels: Prinzippien a Virdeeler
Eng Rees oder Vakanz finanzéieren, en neien Auto kafen, eng Formatioun bezuelen oder nei Apparater fir Äert Haus kafen – et gi vill Grënn, fir e Privatkredit opzehuelen. A wann d’Prêten sech usammele, kënnt et dacks zu enger Situatioun, wou d’Gestioun komplizéiert gëtt oder de Budget iwwerschratt gëtt. Wann Dir Iech an esou enger Situatioun befënnt, kann d’Zesummeféierung vu Prêten personnels déi beschte Léisung sinn.
Wat ass de Prinzip vun der Zesummeféierung vu Prêts personnels?
De Prinzip ass ganz einfach: Dir regruppéiert méi Prêts personnels a maacht doraus een eenzegen. An anere Wierder, amplaz e puer verschidde Mensualitéiten all Mount ze bezuelen, hutt Dir just nach eng eenzeg Mensualitéit ze rembourséieren. Dëst erliichtert net nëmmen d’Gestioun vun de Remboursementer, mee reduzéiert och Är finanziell Belaaschtung. Tatsächlech ass déi eng Mensualitéit vun de regroupéierte Prêt‘en meeschtens méi niddereg wéi den Total vun Äre Remboursementer vun de verschiddenen Prêt’en virum Regruppement.
Wien kann seng Prêts personnels regroupéieren?
D’Zesummeféierung vu Prêt’s personnels ass besonnesch gëeegent fir déi Leit, deenen hir finanziell Belaaschtung mat der Zäit duerch d’Remboursementer ze héich ginn ass. Wann Är Akommes mat der Zäit gefall oder geklommen ass a wann Dir eng Upassung tëscht Ärem Akommes an Äre Remboursementer maache wëllt, ass dës Optioun och eng Méiglechkeet fir Iech.
Wéi eng Dokumenter brauch ee fir e Privatkredit unzefroen?
Fir datt Crefilux Iech e Privatkredit zu Lëtzebuerg accordéiere kann, musse mir sécher goen, datt Dir volljäreg sidd an e fest Akommes hutt, wat Iech déi néideg Remboursementsfäegkeet gëtt. Mir brauchen also e gültegt Identitéitsdokument, dat bestätegt, datt Dir e lëtzebuergeschen Awunner sidd an datt Dir de gesetzleche Mindestalter hutt. Zousätzlech brauche mir rezent Akommensbeleegen. Dir kënnt eis Kontenauszich mat den Akommesiwwerweisungen oder d’Original Pai-Ziedelen aus de leschten dräi Méint virweisen. Mir akzeptéieren och Kontenauszich oder Locatiounskontrakter fir Locatiounsakommes. Wann Dir als Independant schafft brauche mir déi lescht Steiererklärung.
Wat Äre Statut ugeet, brauche mir och gewësse Beweiser. Dir musst also och Dokumenter iwwer Är scho lafend Prête virweisen, fir datt eis Experten Är Remboursementsfäegkeet korrekt bewäerte kënnen.
An all de Fäll, zéckt net, eis ze kontaktéieren, fir méi Informatiounen iwwer d’Lëscht vun de néidegen Dokumenter ze kréien, fir dass Dir e Privatkredit ufroe kënnt.
Firwat e Broker wielen, fir e Privatkredit ofzeschléissen?
Hutt Dir e perséinleche Projet, deen Dir mat engem Privatkredit ëmsetze wëllt? Dir kënnt natierlech direkt bei eng Bank goen oder awer och d’Déngschter vun engem Broker dofir notzen. Dës zweet Optioun huet vill Virdeeler.
E Broker ass e Verhandlungsexpert, deen Iech hëllefe kann, besser Konditioune fir Äre Privatkredit ze kréien. Hien kennt déi iwwerzeegendst Argumenter fir Banken, huet reegelméisseg Kontakt mat hinnen a weess genau, wat se an all Fall verlaangen. Mat engem Broker hutt Dir all d‘Chancen, eng positiv Äntwert op Är Prêt-Ufro ze kréien.
De Broker mécht et Iech och méi einfach, Är Demande fir e Privatkredit ze kréien. Dir hutt sécher keng Loscht, laang Stonnen domat ze verbréngen, Banken unzeruffen an Dossieren anzereechen, déi spéider refuséiert ginn. Mat engem Broker wéi Crefilux gëtt d’Prozedur vereinfacht. Dir hutt nëmmen een eenzegen Uspriechpartner, an awer hutt Dir iwwer hien Zougang zu engem ganze Bankennetz. Fir all Ufro hëlleft de Courtier Iech, déi beschte Banke mat engem attraktiven Zënssaz ze fannen.
Dir gesitt, Äre Kreditbroker vu Crefilux ass ganz erfuere.
Zënter 1980 hu mir ëmmer erëm bewisen, wat mir kënnen, a mir hunn et fäerdeg bruecht, vill perséinlech Projete mat kompetitive Finanzéierungen erfollegräich ëmzesetzen.
Kann de Privatkredit wierklech alles finanzéieren?
Nee, de Privatkredit kann zwar eng breet Pallett u Projete finanzéieren, awer en ass net fir d’Finanzéierung vun engem Immobiliekredit geduecht. Hien erméiglecht d’Finanzéierung vun zum Beispill enger Rees, engem Auto, enger Hochzäit, Haushaltsapparater a Miwwelen, Computermaterial, Studien a vun nach villem méi. Ausserdeem musst Dir net uginn, fir wat Dir d’Geld benotze wëllt, fir e Privatkredit ze kréien. Dat bitt eng gewësse Flexibilitéit bei der Notzung vum Kreditbetrag. Donieft mécht Crefilux Iech d’Schrëtt fir d’Erhale vum Prêt méi einfach mat Hëllef vu sengem Team un Experten.
Privatkredit a Konsumentekredit: Wat ass den Ënnerscheed?
Als éischt muss ee verstoen, datt de Privatkredit en Deel vum Konsumentekredit ass. Awer net all Konsumentekreditter si Prêts personnels. An anere Wierder, et ginn aner Aarte vu Konsumentekreditter nieft dem Privatkredit. De Privatkredit ass e Konsumentekredit, deen net un e spezifesche Projet gebonnen ass. Et ginn awer och spezialiséiert Konsumentekreditter, wéi zum Beispill den Autosprêt.
Loscht op e Privatkredit mam beschten Taux bei Crefilux?
Eis Broker kënne Iech déi bescht aktuell Offere proposéieren. Kontaktéiert eis, fir vun engem Privatkredit mam beschten Taux ze profitéieren.
Dank eise Spezialisten an hirer Erfarung profitéiert Dir vun héichwäertege Berodungen. Si lauschteren Iech ëmmer no a fannen déi Léisung, déi am Beschten zu Äre Besoine passt. Dobäi bidden si Iech ëmmer e Privatkredit mam niddregsten Taux un.
Crefilux garantéiert Iech och en effiziente Service an e schnelle Privatkredit mat enger séierer Äntwert op Är Ufro.
Crefilux begleet Iech: Egal ob Dir Är Ufro online oder an enger Agence maacht, mir sinn do, fir Iech optimal ze beroden. Op einfach Ufro hin an ofhängeg vun der Situatioun an der Disponibilitéit kënne mir och e Rendez-Vous bei Iech doheem maachen.
Kontaktéiert eis Agencë per Telefon: +352 26 30 53 22 (Lëtzebuerg-Stat), +352 26 53 23 05 (Esch/Alzette), +352 26 81 33 12 (Ettelbréck) oder fëllt eisen Online-Formulaire aus.
Egal wéi Är Demande, Är Besoinen oder Äre Projet ass, eis Beroder vu Crefilux sinn ëmmer do, fir Iech déi beschte Léisung fir e Privatkredit zu Lëtzebuerg ze bidden, an dat mat voller Diskretioun.
Kuckt och: Teilzahlungsdarlehen