Simuléiert Äre Kredit
Autosprêt zu Lëtzebuerg
Dir iwwerleet fir den Auto vun Ären Dreem ze kafen, mee vill Froe schéissen Iech duerch de Kapp? Dir wëllt wësse wéi dat geet, wat dee beschte Wee ass fir en Auto ze finanzéieren, déi eenzel Schrëtt vum Kaf, … Keng Panik! Mir hu fir Iech déi heefegst Froe vun eise Clienten zesummegestallt, mat kloren a präzisen Äntwerten direkt dobäi. Egal op Dir un de Virdeeler vun engem Autosprêt zu Lëtzebuerg, un den Zoulossbedingungen oder och un de Spezifizitéiten iwwer d’Finanzéierung vun engem Auto zu Lëtzebuerg interesséiert sidd, hei sidd Dir op der richteger Platz. Entdeckt eise Guide a fuert mat Vertrauen a Rou an Är Aventure mam neien Auto. Bei Crefilux versprieche mir, Äre Kafprozess esou fléissend an agreabel ze maache wéi d’Fueren an Ärem zukünftegen Auto.
Wéi funktionéiert den Autosprêt zu Lëtzebuerg?
Den Autosprêt zu Lëtzebuerg: déi wichtegst Etappen
Den Autosprêt zu Lëtzebuerg ass eng Finanzéierungsléisung fir Persounen ze hëllefen en neien oder e gebrauchten Auto ze kafen. Hei sinn d’Haaptetappen a wéi et funktionéiert:
- Ufro vum Autosprêt: De Prozess fänkt mat enger Ufro bei enger Bank oder engem anere finanzielle Betrib un.
- Bewäertung a Geneemegung: D’Institutioun bewäert d‘Flëssegkeet vum Demandeur, virun allem op de Client kapabel ass, zréckzebezuelen, bevir si zoustëmmt.
- Konditioune vum Prêt: De Prêt gëtt mat spezifesche Konditiounen opgesat, dorënner den Zënssaz, d’Dauer vum Prêt an de Gesamtbetrag vum Prêt, jee no Politik vun der Finanzinstitutioun an der finanzieller Situatioun vum Demandeur.
- Zréckbezuelen: Wann de Prêt ugeholl ass, geschitt d’Zréckbezuelen meeschtens pro Mount iwwer eng ofgemaachten Zäit, mat Zënsen.
Dëse Prozess erlaabt et de Lëtzebuerger Awunner e Gefiert ze kafen andeems se d’Käschten iwwer eng oofgemaachten Zäit verdeelen, wat den Akaf finanziell méi accessibel mécht.
Fir en déift Verständnis vun all Etapp ze hunn an Detailer iwwer déi spezifesch Aspekter vum Autosprêt zu Lëtzebuerg ze entdecken, ginn déi nächst Abschnëtter weider Erklärungen an nëtzlech Rotschléi.
Wat ass dee beschte Wee fir en Auto ze finanzéieren?
D’ Finanzéierung vun engem Auto zu Lëtzebuerg hänkt staark vun Ärer perséinlecher Situatioun a vun Äre finanzielle Virléiften of.
Den Auto direkt ze bezuelen ass eng beléiften Optioun, wann Dir genuch Erspuernesser hutt. Dës Method erlaabt et Iech, Zënsen aus engem Prêt ze vermeiden an erméiglecht Iech finanziell Fräiheet am Verglach zu engem direkten Autosprêt. Allerdéngs ass et wichteg sécherzestellen, datt dëst net Är finanziell Sécherheet a Gefor bréngt, andeems Är Erspuernesser eidel ginn.
Eng aner Léisung ass den Autosprêt. Dëst ass eng aner beléifte Method, besonnesch passend fir de Kaf vun neien oder gebrauchte Gefierer. En Autosprêt huet dacks e méi favorabelen Zënssaz wéi e Prêt personnel, well d’Gefier als Garantie fir de Prêt gëllt. Allerdéngs si bei dëser Optioun Zënsen dobäi, déi d’Gesamtkäschte vum Gefier iwwer d’Dauer vum Prêt erhéijen.
Dir kënnt och e Prêt personnel huelen. Dës Optioun bitt eng extrem Flexibilitéit, well se ka fir bal all Akaf genotzt ginn, och fir en Auto. Prêts personnels erfuerderen normalerweis keng Garantie, mee si kënne awer méi héich Zënsen hu wéi Autosprêten.
Laangzäitlease (LLD) an de Léinen mat Kafoptioun (LOA) oder nach de Leasing sinn Alternativen, déi ëmmer méi populär ginn. Bei dësen Optioune bezilt een all Mount fir d’Notzung vun engem Gefier iwwer eng festgeluechte Period. De Laangzäitlease féiert net zum Besëtz vum Gefier, wärend d‘Locatioun mat Kafoptioun Iech d’Méiglechkeet gëtt, d’Gefier um Enn vum Kontrakt ze kafen. Dës Optioune kënne fir Iech interessant sinn, wann Dir gäre méi oft d’Gefier wiesselt oder wann Dir Iech net gäre laangfristeg banne wëllt.
Wien kann en Autosprêt zu Lëtzebuerg ënnerschréiwen?
Zu Lëtzebuerg ass den Zougang zu engem Autosprêt allgemeng fir déi Persounen op, déi follgend Krittären erfëllen:
- Wunnsëtz zu Lëtzebuerg: Den Demandeur muss meeschtens zu Lëtzebuerg wunnen oder, an e puer Fäll, och nach an enger Grenzregioun wunnen.
- Gesetzlechen Alter: Den Demandeur muss volljäreg sinn.
- Finanziell Stabilitéit: Eng stabil finanziell Situatioun ass dat wichtegst. Dozou gehéiert eng fest Aarbecht, genuch Akommes fir d’Remboursementer ofzedecken, an eng gutt Geschicht vun Äre Prêten.
- Positiv Geschicht vun Äre Prêten: D’Banke kucken dacks op déi aktuell Prête vum Demandeur fir seng Zréckbezuelungskapazitéit ze bewäerten.
- Dokumenter, déi musse virgeluecht ginn: Den Demandeur muss déi néideg Dokumenter virleeën, wéi d’Identitéitspabeieren, Akommesbeweiser a wuel och e Wunnsëtzbeweis.
Et ass wichteg ze wëssen, datt all Finanzinstitutioun hir eege spezifesche Krittäre kann hunn, an et ass ugeroden, direkt bei der Bank oder bei der Finanzinstitutioun no hire spezifesche Konditiounen ze froen.
Wéi kann een en Autosprêt zu Lëtzebuerg ufroen?
Fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg unzefroen, hutt Dir zwou Méiglechkeeten:
- Online ufroen iwwer e Formulaire: Fëllt einfach de Formulaire online aus, an Dir kritt séier eng Propose fir e Kontrakt. Dir musst souwuel Är perséinlech wéi och Är Bankdaten uginn, fir datt d’Kredittorganisatioun Är Situatioun analyséiere kann an Iech eng passend Léisung ubidde kann.
- Perséinlech an enger Agence: Déi aner Méiglechkeet ass et e Rendez-vous an enger Agence ze huelen, fir mat engem Finanzberoder ze schwätzen. Dat dauert e bësse méi laang, mee et ass eng gutt Optioun, wann Dir net genau wësst wat Dir braucht oder wann Dir gäre wëllt berode ginn.
Wat ass d’Lafzäit vun engem Autosprêt zu Lëtzebuerg?
Dir wëllt wëssen, iwwer wéi vill Joer Dir Ären Autosprêt zu Lëtzebuerg zréckbezuele musst? D’Äntwert hänkt dovun of, wéi eng Zort vu Prêt Dir wielt.
- Autosprêt: Zu Lëtzebuerg läit d’Dauer vun engem Autosprêt, also engem Prêt speziell fir de Kaf vun engem Gefier, normalerweis tëscht 24 Méint (2 Joer) a 84 Méint (7 Joer). Dës Flexibilitéit an der Lafzäit vum Prêt erméiglecht et dem Emprunteur, e Remboursementsplang ze wielen, dee genau zu senger finanzieller Situatioun a senge Besoine passt.
- Perséinleche Prêt: Am Verglach mam Autosprêt ass e perséinleche Prêt, deen net speziell op e bestëmmten Akaf virgesinn ass mee méi generell ka benotzt ginn, méi flexibel. D’Lafzäit ka sech vu 24 Méint (2 Joer) bis zu 120 Méint (10 Joer) zéihen. Wann Dir en Autosprêt iwwer 120 Méint wëllt huelen, rode mir Iech un, all Aspekt a krittàre vun dësem Type vu Kontrakt op laang Siicht gutt ze iwwerdenken.
Wat d’Lafzäit ugeet, wäert d’Bank, déi un Iech wäert ausléinen, ënner anerem sécherstellen, datt d’Finanzéierung vun Ärem Auto zu Lëtzebuerg hir eegenen Normen respektéiert. Si wäert awer och kontrolléieren datt d’Lafzäit:
- laang genuch ass, fir datt d’Mensualitéiten vum Prêt net ze héich fir Äre Budget ginn;
- mee och net ze laang ass, fir datt Dir net onnéideg Zënse bezuele musst.
Zum Schluss kucke Banken drop, datt d’Dauer an de Montant zesummepassen. E klenge Montant bedeit eng kuerz Lafzäit. E méi héije Montant erméiglecht eng méi laang Lafzäit.
Wéi bewäert een de Montant vun engem Autosprêt zu Lëtzebuerg?
Autosprêt fir en neien Auto
Och wann den Autosprêt zu Lëtzebuerg et theoretesch erlaabt, bis zu 100.000 Euro ze léinen, ass et extrem wichteg, verschiddene Facteuren am Kapp ze halen, wann Dir de Betrag vun Ärem Prêt wielt. Fir en neien Auto läit de Duerchschnëttspräis zu Lëtzebuerg bei ronn 30.000 Euro. Zu dësem Präis komme Käschten derbäi, déi mat der Éischtimmatrikulatioun ze dinn hunn, wéi zum Beispill d’Aschreiwung. Allerdéngs kënnen d‘Käschte jee no Modell a Mark variéieren. Et ass recommandéiert, bei engem Concessionnaire nozefroen, fir genau Informatiounen ze kréien an de richtege Betrag vum Prêt ze bewäerten. Crefilux kann Iech mat sengem Netzwierk a senger Erfarung dobäi hëllefen, an eng passend Berodung fir Äre Kaf vun engem neien Auto ubidden.
Autosprêt fir en Occasiounsauto
Wann Dir plangt, en Occasiounsauto ze kafen, ass de Betrag vum Autosprêt zu Lëtzebuerg meeschtens méi niddreg wéi fir en neien Auto vum selwechte Modell. Allerdéngs sollt Dir och mat zousätzleche Käschte rechnen, wéi zum Beispill Ënnerhaltskäschten oder méiglech Reparaturen. Och beim Kaf vun engem Occasiounsauto kann Crefilux Iech beim Kafprozess begleeden andeems sie Iech hëllefen, de richtege Betrag vum Prêt ze bestëmmen a Fonctioun vun Äre Besoinen an Ärer finanzieller Kapazitéit. Eis Beroder sin disponibel fir Iech ze hëllefen a stinn Iech zur Säit, fir zesumme mat Iech ze bestëmmen, wéi vill Dir léine kënnt, wann een Äert aktuell Akommes a Är Fixkäschten berücksichtegt.
An deenen zwee Fäll – egal ob fir e neien oder e gebrauchten Auto – sollt d’Bewäertung vum Betrag vun Ärem Prêt mat Suergfalt gemaach ginn, fir sécherzestellen, datt all Käschten a Relatioun mam Akaf ofgedeckt sinn an de Prêt zu Ärer finanzieller Situatioun passt.
Kann ech en Autosprêt zu Lëtzebuerg ufroen, och wann ech schonn aner Prêten hunn?
Am Prinzip, jo – Dir hutt op alle Fall d’Recht, verschidde Prête gläichzäiteg ze hunn. Och wann Dir schonn e Prêt zeréckbezuelt, kënnt Dir trotzdeem eng Ufro fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg bei eis maachen. Mee an dësem Fall ass et nach méi wichteg, ze kontrolléieren, ob Är zukünfteg Scholden nach ëmmer zu Ärem Budget, dem Gesetz an den Normen vun de Banken passen. Allgemeng gëtt ugeroden, net méi wéi en Drëttel vum Akommes u Scholden ze hunn… mee dëst gëllt fir d’Gesamtheet vun all Ären Fixkäschten!
Nieft Ärem Autosprêt zu Lëtzebuerg musse follgend Elementer mat an Är Berechnung afléissen:
- Är aktuell Prêten;
- Är Wunnkäschten (Loyer oder Hypothekarkredit).
Sollt d‘Bäisetzen vun der Mensualitéit vun engem Autosprêt Är Gesamtscholden ze staark an d’Luucht drécken, sollt Dir Äre Projet net direkt opginn! E Regruppement vu Prêten (Prêt-Zesummeleeën) kéint Iech et erméiglechen, Ären neien Auto ze finanzéieren, ouni datt Är Scholden ze vill an d’Luucht ginn.
Wat kann een alles mat engem Autosprêt zu Lëtzebuerg finanzéieren?
Mat engem Autosprêt zu Lëtzebuerg kënnt Dir vill méi ewéi nëmmen en einfachen Auto finanzéieren. Dëst flexibelt a personaliséiert Finanzéierungsinstrument erlaabt et Iech nämlech eng grouss Auswiel u Gefierer ze kafen – jee no Äre Besoinen an Äre Wënsch.
- Prêt fir Motoen zu Lëtzebuerg: Fir d’Frënn vum Motorsport oder zweeriederege Gefierer kann en Autosprêt Iech Äre Moto finanzéieren, egal ob et e neien oder e gebrauchten ass. Ob Dir e Moto fir Är Trajeten am Alldag oder fir Är Eskapaden wärend dem Weekend sicht, dëse Prêt hëlleft Iech bei der Verwierklechung vun Ärem Draam.
- Prêt fir Fräizäitgefierer: Fir déi, déi gär reesen an Abenteuer erliewen, ass den Autosprêt ideal, firun allem awer och fir d’Optiounen vum Finanzement vun engem Camping-Car oder engem Mobilhome ass en gëeegent. Finanzéierung vun engem amenagéierte Van oder enger amenagéierter.
- Camionnette: Dir dreemt vun engem nomadesche Liewensstil oder wëllt einfach onofhängeg Är Weekender verbréngen? Da kuckt Iech eis Offeren un, fir e komfortabele Van oder eng amenagéiert Camionnette ze finanzéieren, fir dass dir all Fräiheet vum Reesen kënnt notzen an dat mam Confort vu sengem eegenen Doheem.
- Notzgefierer: Braucht Dir en Notzgefier fir Är Firma oder fir perséinlech Zwecker? En Autosprêt zu Lëtzebuerg erlaabt et Iech et och an en Notzgefier ze investéieren, ugepasst un Är professionell oder individuell Ufuerderungen.
Zesummegefaasst stellt den Autosprêt zu Lëtzebuerg en immens villsäitegt Instrument duer, dat et Iech erlaabt, Mobilitéitsprojeten jee no Äre Besoinen an Wënsch ëmzesetzen. Egal op Dir de Wand am Gesiicht op Ärem Moto wëllt spieren, duerch d’Länner mat engem gemittleche Camper wëllt fueren, oder Är professionell Aktivitéite mat engem sécheren Notzgefier geréieren – mat Hëllef vu Crefilux kënnt Dir dës Projete realiséieren.
Wéi kann den Autosprêt den Zougang zu ëmweltfrëndleche Gefierer wéi Hybrid- oder Elektroautoen erliichteren?
Den Autosprêt ass eng passend Finanzéierungsléisung fir déi, déi op méi ekologesch Gefierer wéi zum Beispill Hybrid- oder Elektroautoe wëllen ëmklammen. Obwuel dës Aarte vu Gefierer vill fir d’Ëmwelt maachen, leien hir Akafspräisser dacks méi héich wéi bei klassesche Bensinn- oder Dieselmodeller. E passenden Autosprêt – wéi zum Beispill e „Hybrid-Autosprêt“ oder en „Elektro-Autosprêt“ – erlaabt et dem Keefer, dës méi héich Käschten iwwer eng méi laang Zäit verdeelt ze bezuelen, wat den Zougang zu dësen Autoen méi einfach mécht. Zousätzlech bidde verschidde Kreditinstituter eventuell besser Konditioune fir ëmweltbewosst Akeef un, wéi zum Beispill reduzéiert Zënsen, fir emweltbewosst Autoskeef méi attraktiv ze maachen. Sou gëtt den Autosprêt zu engem wichtege Mëttel, fir d’Mobilitéit méi nohalteg ze maachen an de Wiessel op méi nohalteg Technologien z’ënnerstëtzen an et méi einfach ass, Hybriden oder elektresch Autoen ze kaafen.
Autosprêt zu Lëtzebuerg: Froen, déi d’Käschte betreffen
Wat kascht en Autosprêt zu Lëtzebuerg?
Wéi all Prêt ass och en Autosprêt zu Lëtzebuerg eng deier Operatioun, déi d’Bezuelung vun Zënse mat sech bréngt. Awer d’Héicht vun de Zënse ka vu Bank zu Bank ënnerschiddlech sinn an hänkt och vun de Konditioune vun Ärem Prêt of. Zousätzlech däerf een d’Käschte vun engem Autosprêt zu Lëtzebuerg net nëmmen op d‘Zënse begrenzen, well nach aner Fraisen an eventuell Versécherunge kënnen dobäikommen. Fir gewuer ze ginn, wéi vill Äre Prêt Iech kaschte wäert, recommandéiere mir Iech, Iech ëmmer iwwer den Effektiv Joreszëns (TAEG) fir en Autosprêt z’informéieren. Dësen Taux weist vill besser d’Käschte vun Ärem Autosprêt zu Lëtzebuerg. Bei Crefilux wende mir fir komplett Transparenz bei de Käschte vun de Prêten un, déi mir accordéieren. Ausserdeem ënnerstëtze mir Iech beim Ofschloss vun Ärem Autosprêt zu Lëtzebuerg mam beschten aktuellen Taux fir Ären Autosprêt, fir Iech déi niddregst méiglech Käschte garantéieren ze kënnen.
Wéi eng Aarte vu Revenuen begënschtegen den Accord vun engem Autosprêt zu Lëtzebuerg?
Fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg ze kréien, si, wéi an de meeschte Länner, oft verschidden Zorten vu Revenuen méi favorabel wéi anerer. Hei sinn déi Aarte vu Revenuen, déi am heefegste vun de Kreditinstituter ugeholl a geschätzt ginn: Reegelméissegt a stabilt Akommes:
- Paien a Revenue vu feste Kontrakter (CDI – Contrat à Durée Indéterminée) ginn dacks am léifste gesinn, well si eng bestëmmte finanziell Stabilitéit garantéieren.
- Betribsakommes: Fir Selbststänneger oder Entrepreneure kann e Betribsakommes och gëllen. Et ass wichteg, all d‘Beweiser fir stabil a reegelméisseg Revenuen iwwer e puer Joer virzeleeën ze kënnen.
- Locatiounsakommes: Wann Dir Immobilie besëtzt a Locatiounsakommes kritt, kënnen dës och mat aberechent ginn. Hei ass et essenziell, all d‘Dokumenter virzeleeën, déi eng Regelméissegkeet an d’Zouverlässegkeet vun dësem Akommes bestätegen.
- Pensiounen a Renten: Akommes vun de Pensiounen oder reegelméisseg Bezuelungen vun de Renten kënnen och als positiv Revenue fir e Prêt ugesi ginn.
- Aner Akommesquellen: Aner Quelle wéi zum Beispill Investitiounen oder e passivt Akommes kënnen och a Betruecht gezu ginn, awer heiansdo muss een hei eng zousätzlech Dokumentatioun virleeën, fir d’Zouverlässegkeet an d‘Reegelméissegkeet ze beweisen.
Et ass wichteg ze wëssen, datt all Kreditinstitut seng eege Bewäertungskrittären huet a verschidden Zorten vu Revenue berécksiichtege kann. Ausserdeem spillen och Är Remboursementskapazitéit, Är Verschëldungsquot an Är Geschicht vun de Prêten eng wichteg Roll bei der Entscheedung iwwert en Accord vun engem Prêt. Et gëtt recommandéiert, verschidde Kreditinstituter ze kontaktéieren, fir hir Offere un Autosprêten an hir Konditioune mateneen ze vergläichen.
Wéi vill kann ech mat engem Autosprêt zu Lëtzebuerg léinen?
An der Theorie erlaabt den Autosprêt Iech et eng Zomm tëschent 5.000 € an 100.000 € ze léinen. Awer an der Praxis hänkt déi maximal Zomm, déi Dir léine kënnt, vun Ären Akommes of. Et gëtt recommandéiert, sech net iwwer een Drëttel vun sengem Akommes ze verschëlden, well dat ass de Niveau, deen dacks vun de Kreditinstituter akzeptéiert gëtt.
Wat sinn d’Krittäre fir de gënschtegsten Autosprêt zu Lëtzebuerg ze fannen, a wéi kann een secher sinn, dass een de beschten Taux fir e bëllegen Autosprêt kritt?
Fir de gënschtegsten Autosprêt zu Lëtzebuerg ze fannen, solle verschidde Krittären a Betruecht gezu ginn. Hei sinn déi wichtegst Elementer, fir sécher ze sinn, datt Dir en interessanten Autosprêt mat de beschte Zënssaz kritt:
- Vergläicht d’Offeren: Maacht Vergläicher tëschend de verschiddenen Banken a finanziellen Instituter. Benotzt Online-Vergläicher, fir eng gesamt Iwwersiicht iwwer Zënssätz, Dossiersfraisen a Remboursementskonditiounen ze kréien.
- Zënssaz: den Zënssaz ass ee vun den Haaptfacteuren, déi d‘Gesamtkäschte vum Prêt bestëmmen. Sicht no Offere mat den niddregsten Zënssätz. Passt awer op, well niddreg Zënse kënnen och mat verstoppte Käschte verbonne sinn.
- Dauer vum Prêt: wat d’Dauer méi laang ass, wat d’Zënse méi héisch ginn. Wielt déi kierzt méiglech Dauer aus, déi mat Ärer Remboursementskapazitéit kompatibel ass.
- Zousätzlech Fraisen: verschidde Prêten kënnen Dossiersfraisen oder aner verstoppte Käschten enthalen. Liest d’Allgemeng Bedéngunge ganz genau duerch, fir Iech ze versécheren, dass keng onerwaarte Käschten bezuelen ze mussen.
- Verhandelt mat der Bank: wann Dir e gudden Dossier hutt (eng gutt finanziell Situatioun an e stabilt Akommes), zéckt net, fir iwwer d’Konditioune vum Autosprêt, a besonnesch d‘Zënssätz, ze verhandelen.
- Eege Bäitrag: en eegene finanzielle Bäitrag kann d’Zomm vum Prêt reduzéieren an esou och d’Zënsen verréngeren, déi ze bezuelen sinn. Wa méiglech, denkt drun, Ären eegene Bäitrag ze erhéijen. Et ass awer och ouni Problem méiglech, en Autosprêt ouni eegene Bäitrag ze kréien.
- Iwwerpréift Ären Dossier vum Prêt: gitt sécher, datt Ären Dossier vum Prêt an engem gudden Zoustand ass. Eng gutt Geschicht vu Prête kann Iech hëllefen, besser Konditiounen op Ärem Prêt ze kréien.
- Promotiounsofferen: passt op speziell Offeren oder Promotiounen op, déi dacks am Kader vu Partnerschafte mat Garagisten a Finanzinstituter ugebuede ginn.
Fir e bëllegen Autosprêt mat gudde Konditiounen zu Lëtzebuerg ze kréien, ass et wichteg, eng grëndlech Recherche ze maachen, déi verschidden Offeren ze vergläichen an d’Konditiounen unhand vun Ärer finanzieller Situatioun ze verhandelen. Eng gutt informéiert a virsiichteg Approche ass de Schlëssel, fir déi bescht méiglech Offeren ze fannen.
Wat sinn d’Tricker, fir den Zënssaz vum Autosprêt zu Lëtzebuerg gutt ze verhandelen?
Fir den Zënssaz am Kader vun Ärem Autosprêt zu Lëtzebuerg ze bestëmmen, kuckt d’Bank op Äre Profil. Fir vun engem gudden Zënssaz ze profitéieren, musst Dir also drop oppassen, datt Äre Profil vertrauenswierdeg ass. Vermeit Dispoen a Retarde vum Bezuelen bei den laafenden Prêten. Dat verbessert Äre Kreditscore an ass e wichtegt Argument bei der Verhandlung.
Wann Dir schonn en Autosprêt zu Lëtzebuerg hutt an Är finanziell Situatioun sech rezent däitlech verbessert huet, Hutt Dir d‘Méiglechkeet vun engem Opkafe vun Ärem Autosprêt oder eng Refinanzéierung ze envisagéieren. Dëst kann Iech et eventuell erlaaben, Ären Autosprêt mat engem besseren Zënssaz ze verhandelen. Dës Optioun soll awer nëmmen dann a Betruecht gezu ginn, wann d’Gesamtkäschte vun der Operatioun net ze héich sinn an Iech tatsächlech en Erspuernis bréngen.
Den Zënssaz ass dacks méi héich, wann Dir eng grouss Zomm léint. Fir dat ze vermeiden, invitéiert Crefilux Iech, de Kafpräis vum Auto gutt ze verhandelen, fir d’Zomm ze reduzéieren, déi geléint muss ginn. Dat ass eng Léisung, déi Iech et erméiglecht, reell Suen ze spueren.
Kann ech de komplette Kaf vum Auto mat engem Autosprêt zu Lëtzebuerg finanzéieren?
Jo, et ass méiglech, 100 % vun der néideger Zomm fir de Kaf ze léinen. Et geet duer firzewéisen, dass Dir eng héisch genuch finanziell Kapazitéit hutt an Dir däerft net ze vill verscholt sinn. Dann hutt Dir keng Problemer, fir all d’Suen ze kréien, déi Dir fir de Kaf vun Ärem Auto braucht.
Wéi eng Dokumenter an wéieng Versécherunge brauch ech fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg ze kréien?
Wéi eng aner Dokumenter muss ech nach fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg virleeën? Wéi bei all Zort u Prêt muss d’Bank Är allgemeng finanziell Situatioun iwwerpréiwen andeems Dir entspriechend Beweiser virleet. Fir Ären Autosprêt zu Lëtzebuerg unzefroen, mussen, zousätzlech zu de Pabeieren iwwert d’Notzung vun de Fongen, dës Dokumenter virgeluecht ginn,:
- Är Carte d‘identité an d’Zesummesetzung vun Ärem Stot,
- Är Wunnkäschten a Äre Wunnstatus (Locataire oder Proprietär),
- Är berufflech Situatioun an Ärt Akommes (Aarbechtsakommes oder eben net),
- Är ënnerscheedlech fix Käschten, inklusiv Är aktuell Prêten,
- Är Bankesituatioun.
Crefilux ass natierlech un Ärer Säit fir Iech bei der Zesummestellung vum Dossier ze hëllefen a füügt, wann néideg, nach Dokumenter dobäi, déi mat enger spezieller Situatioun ze dinn hunn.
Muss ech e Beweis vum Kaf fir den Autosprêt virleeën?
Jo! Am Géigesaz zum Prêt Personnel ass den Autosprêt zu Lëtzebuerg un e bestëmmte Gebrauch gebonnen. Dir musst also e Beweis virleeën, datt d’Sue fir e Gefier benotzt goufen. Dëse Beweis kann entweder eng Rechnung, eng Präisoffer oder eng Kafverspriechung sinn.
Wat ass eng Versécherung fir den Autosprêt zu Lëtzebuerg?
Passt op, dass Dir net d’Versécherung vun Ärem Auto mat der Prêt-Versécherung fir Ären Autosprêt zu Lëtzebuerg verwiesselt. Déi éischt ass dofir do, fir Äert Gefier am Fall vun engem Autosaccident ze versécheren. Si trëtt an am Fall vun engem Accident op der Strooss, fir Reparaturen oder fir eventuell Spidolsdeeg z’iwwerhuelen als eventuell Konsequent vun engem Autosaccident. D’Zil vun enger Prêtversécherung ass et, ganz oder deelweis Är Mensualitéiten vum Prêt ze iwwerhuelen. Si kann antrieden am Fall vu Stierffall, Aarbechtslosegkeet oder engem Accident, deen Iech aarbechtsonfäeg mécht.
Ass eng Versécherung fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg obligatoresch?
Eng Versécherung fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg ass net obligatoresch, mee si gëllt als ganz wichteg. Et gëtt staark recommandéiert, esou eng Versécherung ofzeschléissen, fir sech selwer, awer och d’Famill am Fall vun engem Accident ze schützen. Dës Aschreiwung ka virun oder no der Ufro vum Autosprêt bei enger Bank gemaach ginn.
D’Ofschléisse vun enger Versécherung fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg ka méi einfach gemaach ginn, wann een iwwer en zouverlässegen an erfuerenen Online-Broker geet, wéi zum Beispill mat Crefilux, enger Firma déi säit iwwer véierzeg Joer am Kredittberäich zu Lëtzebuerg täteg ass.
D’Experte vu Crefilux kënnen Iech beim Zesummestelle vum Versécherungsdossier zur Säit stoen a begleet Iech och am ganze Prozess vum Ënnerschréiwen vum Autosprêt. Et gëtt recommandéiert, mat enger Simulatioun vun engem Autosprêt zu Lëtzebuerg unzefänken an duerno all déi néideg Dokumenter un de Broker weider ze ginn, fir d’Versécherung ofzeschléissen. Falls néideg, kann de Broker nach zousätzlech Dokumenter a Beweiser ufroen.
Dir hutt Froen betreffend der Simulatioun vun engem Autosprêt zu Lëtzebuerg? Mir beäntweren se Iech!
Wéi kann een eng Simulatioun fir en Autosprêt benotzen?
Fir eng gratis an onverbindlech Offer an eng Schätzung vun engem Autosprêt ze kréien, kënnt Dir en Online-Simulatiounstool fir en Autosprêt benotzen. Dës Simulatiounen, déi op de Websäite vu ville Banken a Finanzinstituter verfügbar sinn, erfuerderen, dass Dir Informatioune wéi dem Typ vum Prêt, dem Präis vum Gefier an der Dauer vum Prêt do androot. Wann dës Donnéeë matgedeelt gouffen, berechent de Simulator d’Remboursementer vum Autosprêt a gëtt Iech d’Detailer vun Ärem potenzielle Prêt, inklusiv de Mensualitéiten, dem Zënssaz an der Dauer vum Prêt. Dës Offer fir Ären Autosprêt erlaabt et Iech, verschidden Offeren ze vergläichen, ze bewäerten, op et fir Iech machbar ass de Prêt par rapport zu Ärem Budget ze bezuelen an dat alles ouni Engagement an ouni Käschten. Dës Tools sinn also perfekt, fir Ären Autoskaf op eng informéiert Aart a Wéis a ganz ouni Drock ze plangen.
Wéi weess ech, ob mäin Autosprêt accordéiert gëtt?
Fir ze wëssen, ob Ären Autosprêt ugeholl gëtt, kënnt Dir eng Onlinesimulatioun vun Ärem Autosprêt maachen, wou Dir eng direkt Äntwert kritt. Esou funktionéiert dat:
- Benotzt den online Simulatiounstool vu Crefilux: eise Simulator vun engem Autosprêt bitt eng Optioun fir eng direkt Äntwert ze kréien.
- Gitt Är Informatiounen an: gitt déi néideg Detailer an de Simulator an, wéi zum Beispill de gewënschte Betrag vum Prêt, d’Zort vum Prêt an d’Dauer vum Prêt.
- Direkt Äntwert: op Basis vun Ären Donnéeë, déi Dir aginn hutt, gëtt de Simulator Iech eng Äntwert, déi et Iech erlaabt ze gesinn, ob déi proposéiert Simulatioun zu Ärer finanzieller Situatioun passt. Dir sitt net zefridde mat der Äntwert vun der Simulatioun vun Ärem Autosprêt mat direkter Äntwert? Kee Problem, Dir kënnt d’Simulatioun sou oft widderhuele wéi Dir wëllt.
- Passt w.e.g. op, dëst ass nëmmen eng Aschätzung: et ass wichteg ze verstoen, dass dës Äntwert just eng éischt Aschätzung ass. Déi final Entscheedung hänkt vun der méi detailléierter Kontroll vun der Kreditinstitutioun oof, déi Är Kredittgeschicht an aner finanziell Facteuren analyséiert.
Firwat Crefilux fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg wielen?
Äre Broker fir Autosprêten zu Lëtzebuerg, Crefilux, ass déi bescht Adress fir Iech bei Ärer Sich no engem Finanzement ze hëllefen. Mir si säit 1980 an dësem Secteur präsent an eis Expertis huet sech vill verstäerkt am Laaf vun all deene Joren. Mat engem Broker wéi eis profitéiert Dir also vu Fachberodung a vun engem breede Bankennetz fir all Är Prêten zu Lëtzebuerg. Mir hëllefen Iech Zäit ze spueren, mee och Suen ze spueren andeems Dir déi bescht méiglech Zënssäz fir Ären Autosprêt verhandelt. Am Detail fannt Dir d’Erkläerungen.
E lëtzebuergesche Broker fir Prêten: wierklech nëtzlech fir en Autosprêt?
Ären Dossier fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg engem Broker unzevertrauen, an net direkt bei eng Bank ze goen, huet verschidde Virdeeler. Dëst giff folgend Gewënner mat sech bréngen:
- Zäitgewënn: mir këmmeren eis ëm all Formalitéiten an em d’Sich fir déi bescht Offeren ze fannen.
- Sue spueren: mir kennen de Kreditmaart ganz gutt. Doduerch kënne mir ganz einfach a schnell de beschten Institut fir ze léine fir Iech fannen.
- Manner Stress: Offere vu verschiddene Banken ze vergläichen an eventuell géinteneen auszespillen ass opwänneg.
Wann Dir iwwer e Broker gitt, braucht Dir all déi Formalitéiten netz e maachen. Dës Virdeeler gëllen nach méi, wann Dir als Grenzgänger en Autosprêt zu Lëtzebuerg sicht. An dësem Fall, ouni Broker, misst Dir net nëmme mat den Offeren vun de verschiddene Banken, mee och mat de Gesetzer vu béide Länner jongléieren.
Wéi leeft d’Ufro fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg bei Crefilux of?
Wann Dir Är Simulatioun fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg gemaach hutt, kënnt Dir eis dës schécken. Klickt dofir einfach op „Online Ufro“. E puer Informatioune gi vun Iech gefrot, wéi zum Beispill Är Identitéit, Är Wunnsituatioun, Är Käschten an Ärt Akommes.
Nodeems dat geschitt ass, kontaktéiert Iech ee Beroder vu Crefilux innerhalb vun just e puer Stonnen wéinst Ärer Demande fir e schnellen Autosprêt. Mir kucken dann zesummen iwwer Ären Projet an iwwer Är Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Heiansdo musse verschidde Punkte gekläert ginn. Mir leeën och vill Wäert drop, Är Situatioun a Besoine gutt ze verstoen, fir eis ze versécheren, dass déi gesichte Léisung déi beschten fir Iech ass. Duerno kritt Dir eng Lëscht vun eis geschéckt mat den néidegen Dokumenter fir Ären Dossier fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg ze kréien. Soubal mir alle d’Dokumenter kritt hunn, gi mir Ären Dossier un ee vun eise Bankpartner weider. Mir setzen eis derfir an, Iech séier eng Äntwert op Är Ufro fir en Autosprêt ze kréien ze ginn.
Dir wënscht eng dréngend Ufro fir en Autosprêt ze maachen? Kee Problem, fëllt eng Ufro online aus an ee vun eise Beroder kontaktéiert Iech bannent zwou Stonnen no Ärer Ufro zeréck.
Wéi leeft d’Gestioun an d’Betreiung vum Dossier vun engem Autosprêt zu Lëtzebuerg of?
Är eenzeg Aufgab besteet doran, eis déi néideg Dokumenter zur Verfügung ze stellen fir dass mir Ären Dossier kennen opstellen.
Duerno iwwerhëlt Äre Beroder vu Crefilux alles an d‘Hand:
- hie stellt Ären Dossier fir de Prêt zesummen,
- stellt d’Stäerkte vun Ärem Dossier bei de Banken ervir,
- schéckt den Dossier un déi Banken, déi am meeschte bereet sinn, Iech de Prêt ze accordéieren,
- këmmert sech ëm de Suivi a mécht, wann néideg, eng Nofro beim Institut,
- deen Iech de Prêt ausstellt, verhandelt, wann néideg, fir dass Dir déi bescht méiglech Konditiounen kritt,
- kënnt mat enger konkreter Offer bei Iech zeréck,
- erkläert Iech déi eventuell onkloer Punkten am Detail.
Sollt Dir méi wéi eng Offer kréien, läit d’Entscheedung natierlech alleng bei Iech. D’Aarbecht vu Crefilux ass et dann, Iech déi verschidde Vir- an Nodeeler vun de verschiddenen Offeren fir Ären Autosprêt zu Lëtzebuerg objektiv ze erklären.
Wéi séier gëtt meng Ufro fir en Autosprêt zu Lëtzebuerg bei Crefilux behandelt?
Crefilux huet sech mat der Schnellegkeet vum Behandele vun den Ufroen fir Prêten eng Haaptcharakteristik bei senge Servicer geséchert. Mir brauchen ongeféier 2 Stonnen fir Iech zeréck ze kontaktéieren fir mat Iech iwwer Äre Projet ze schwätzen an Iech konkret Propositioune fir ze stellen. Fir Iech am beschten zefridden ze stellen ginn mir eis grouss Méi fir och all d’Weeër fir eng Zouso vum Prêt effizient an esou séier wéi méiglech ze behandelen – sou datt Dir net nëmmen eng gutt Offer kritt, mee dëst och an enger kuerzer Zäit.
Interesse an einer Crefilux-Autofinanzierung für einen Neuwagen?
- Rufen Sie uns an unter der gebührenfreien Telefonnummer +352 26 30 53 22.
- Unsere zahlreichen Agenturen empfangen Sie auch gerne persönlich.
- Oder füllen Sie unser Online-Antragsformular aus.